Déjà Vu

Mat en etleche Joer Ofstand gi Kult-Albummen aus der Geschicht vu Rock, Pop an Jazz nach emol ënnert d'Lupp geholl. Fir erëmzehéieren mat neien Oueren oder als Entdeckung fir déi, déi se deemools verpasst haten.

Tropicália, ou panis et circensis

1968 war e mouvementéiert Joer. An den USA sinn nieft de Vietnam Protester de Martin Luther King Jr. a Robert Kennedy ëmbruecht ginn . D'Sowjetunioun huet den Prager Fréijoer an der Tschechoslowakei ënnerdréckt, an a Frankräich hu Studenten sech géint dem De Gaulle seng Regierung gestallt.

Ënnert dem Equator a Brasilien hunn den Caetano Veloso, Gilberto Gil, Gal Costa, Tom Zé an Os Mutantes den Album "Tropicália, ou panis et circensis" verëffentlecht. De musikalesche Manifest vum sougenannten Tropicália Mouvement. Eng Konscht Beweegung, déi sech dem autoritäre Militär-Regimm géigeniwwer gestallt huet. Exotesche Pop mat kritescher Botschaft. Musek, déi fir kreativ Fräiheet gekämpft huet.

Presentéiert vum Jamie Reinert.

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Riicht eraus mam Direkter vum STATEC Serge Allegrezza

    S. Allegrezza.jpg

    An der Emissioun Riicht eraus e Sonndeg leeë mir Zuelen op den Dësch. Mam Direkter vum STATEC Serge Allegrezza geet rieds iwwer déi vill Statistiken, déi de STATEC fir d'Bierger, d'Politik an d'Entreprisë mécht.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen