Aktuelles

Hannergrënn iwwer déi lokal, national an international Aktualitéit. Um 6:20, 7:20, 8:23, 09:20 Auer.

Diner for One, Kult op Sylvester

E Sonndeg ass Silvester a wat wär ee Silvester ouni de Butler James a seng Miss Sophie, déi hiren 90. Gebuertsdag feiert. Dir wësst ëm wat et geet, wéi all Joers op deem Dag, heescht et "Dinner for One". Et ass fir vill Leit all Joer um 31. Dezember, op Silvester also, eng Traditioun ginn, sech op der Tëlee de britesche Kabaretsketch "Dinner for One" oder den 90. Gebuertsdag eranzezéien. An eent ass och kloer, wann de Butler James nees versicht, senger Miss Sophie d'Iessen ze zerwéieren, da geet ee Joer op en Enn. De Jean Claude Majerus mat Detailer.

Rezent Emissiounen

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen