Invité am Moies-Magazin

De Guy Engels iwwert den Neijoerschconcert vu Wien

Wann Dir um 1. Januar Loscht op den traditionellen Neijoerschconcert vun de Wiener Philharmoniker hutt, an dëse Concert en direct aus dem grousse Sall vum Musikverein zu Wien wëllt lauschteren, dat Ganzt encadréiert mat Commentairë vum Guy Engels, da kënnt Dir dat e Méindeg vu 5 op 11 un op der Antenn vum radio 100,7. Invité ass de  Museksredakter vum radio 100,7, de Guy Engels, deen de Concert e Méindeg moderéiert.

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Suicidegefor am Alter: En Tabuthema

    Suicidegefor am Alter

    Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen