Musikalesch Visittekaart

Portraite vun Invitéë mat Hellëf vun der Musek, déi si lauschteren.

Fernand Weides

De Fernand Weides kann op eng ofwiesslungsräich Journaliste-Karriär zréckblécken; no senge Studien op der ULB huet hien ë.a. laang Jore fir de Grupp Editpress (Tageblatt, Videocom) geschafft. Hie war Ufang den Nonzeger Gerant an Direkter vun Eldoradio, huet hei am Haus de Radio mat opgebaut an niewebäi de Virsëtz vum Lëtzebuerger Journalisteverband ALJ gefouert, war President vum Conseil de Presse a steet zënter 2015 un der Spëtzt vun der Assemblée Consultative vun der ALIA, déi Radio- an TV-Programmer hei am Land kontrolléiert.

Dësen 29. Dezember konnt de Fernand Weides e ronne Gebuertsdag feieren ... mä, mat an tëschent 70 Joer al, leet hien d'Féiss net héich an ass weiderhi kulturell ganz aktiv - woubäi och d'Musek net ze kuerz kënnt. De Fred Medernach féiert duerch d'Emissioun, wou eng etlech Titelen an Interpreten aus dem Invité senger radio 100,7-Zäit opdauchen ...

Rezent Emissiounen

  • De Rosch Mirkes

    Dem pensionéierte Museksenseignant an Acteur an der Lëtzebuerger Musekszeen säi musikalesche Goût ass ganz villfälteg.

  • De Pol Belardi

    Dem Jazziste Pol Belardi säi musikalesche Goût hält net beim Jazz op.

  • D'Geiistin Sandrine Cantoreggi

    Vill Klassik an e bëssen Jazz

  • Den David Ianni

    De Pianist a Komponist presentéiert säi perséinleche musikalesche Choix.

  • De Paul Thiltges

    Et muss een net onbedéngt virun der Kamera stoen, fir an der Filmzeen aktiv an erfollegräich ze sinn: eisen Invité ass e Beispill heifir.

  • De Kid Colling

    De Lëtzebuerger Blues- an Jazzgittarist iwwerhëlt d'musikalesch Programmatioun vun dëser Stonn - déi éischter gemittlech ausfält.

  • Den Damien Sagrillo

    De Musekswëssenschaftler presentéiert säi musikalesche Choix.

  • D'Sopranistin Mariette Lentz

    Klassik, Jazz a Rock: de musekalesche Goût vun der Mariette Lentz 

  • De Guy Frisch

    De Perkussionist an Direkter vu Lucilin presentéiert säi musikalesche Choix.

  • Fernand Weides

    De Journalist a fréieren Direkter vum radio 100,7 (Juli 1994-August 2013), huet de musikalesche Programm fir dës Stonn zesummegestallt.

  • De Jeff Mack

    De Countertenor, Trompettist an Dirigent presentéiert Musek, déi Statiounen a sengem Liewe markéiert huet.

  • D'Lydia Rilling

    D'Dramaturgin an der Philharmonie a Responsabel fir de Festival Rainy Days presentéiert hire musikalesch Choix.

  • De Marc Jacoby

    Den Direkter vum Conservatoire du Nord presentéiert seng musikalesch Favoritten.

  • D'Cathy Krier

    Der Pianistin hir musikalesch Virléiften gëllen der Klassik.

  • Monique Melsen

    Scho mat 20 Joer stoung déi gebierteg Ettelbréckerin beim Grand Prix Eurovision de la Chanson zu Dublin op der Bühn.

Programm

Dossieren

  • Europawahlen 2019

    Vum 23. bis de 26. Mee gëtt an der EU en neit Europaparlament gewielt. Zu Lëtzebuerg gëtt Sonndes, de 26. Mee gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Weltfraendag 2019

    1911 gouf et den éischte Weltfraendag, zanter 1921 gëtt en den 8. Mäerz gefeiert. A méi wéi 25 Länner, déi meescht dovunner an Asien an Afrika, ass et mëttlerweil e gesetzleche Feierdag.

Communiquéen

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen