Portraite vun Invitéë mat Hellëf vun der Musek, déi si lauschteren.
Musikalesch Visittekaart
Fernand Weides
De Fernand Weides kann op eng ofwiesslungsräich Journaliste-Karriär zréckblécken; no senge Studien op der ULB huet hien ë.a. laang Jore fir de Grupp Editpress (Tageblatt, Videocom) geschafft. Hie war Ufang den Nonzeger Gerant an Direkter vun Eldoradio, huet hei am Haus de Radio mat opgebaut an niewebäi de Virsëtz vum Lëtzebuerger Journalisteverband ALJ gefouert, war President vum Conseil de Presse a steet zënter 2015 un der Spëtzt vun der Assemblée Consultative vun der ALIA, déi Radio- an TV-Programmer hei am Land kontrolléiert.
Dësen 29. Dezember konnt de Fernand Weides e ronne Gebuertsdag feieren ... mä, mat an tëschent 70 Joer al, leet hien d'Féiss net héich an ass weiderhi kulturell ganz aktiv - woubäi och d'Musek net ze kuerz kënnt. De Fred Medernach féiert duerch d'Emissioun, wou eng etlech Titelen an Interpreten aus dem Invité senger radio 100,7-Zäit opdauchen ...
Rezent Emissiounen
-
Marc Meyers
Den Direkter vum Stater Conservatoire ass net nëmme begeeschtert vum Klassik- oder Blechrepertoire.
-
Erna Hennicot-Schoepges
Virun hirer politescher Carrière war si Professesch fir Piano am Stater Conservatoire.
-
Théid Johanns
De Kënschtler huet eng Playlëscht zesumme gestallt a mat bei de Mike Tock an de Studio bruecht.
-
Fränk Feitler
Als fréieren Direkter vum Stater Theater ass hien dofir responsabel, dass éischt klassesch Produktiounen op lëtzebuerg komm sinn.
-
Jo Kox
Eng eklektesch Playlist vum President vum Fonds culturel.
Dossieren
-
Sozialwahlen 2019
Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.
-
Pierre Werner
"Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.
Communiquéen
-
Véronique Faber, nouvelle membre du Conseil d’administration de radio 100,7
Le Conseil de gouvernement a approuvé la nomination de Madame Véronique Faber au Conseil d'administration de radio 100,7.
-
Offre d'emploi: Directeur général (M/F)
L'Etablissement de Radiodiffusion Socioculturelle, opérateur de la radio de service public radio 100,7, recherche un directeur général (m/f)
Iwwert eis
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen