Gesond an der Schoul
Net nëmmen d'Preventioun vu kierperleche Krankheete bei de Schoulkanner, mä och de Schutz vun der emotionaler a sexueller Gesondheet steet am Fokus vun de Schouldokteren a Psychologen. D'Gesondheet erhalen, déi psychesch a physesch Entwécklung observéieren, Problemer fréi ze erkennen a behandelen an d'Kanner an déi Jugendlech entspriechend orientéieren, dat ass dee gréissten Defis vun der schoulmedezinescher Divisioun vum Gesondheetsministère.