Invité am Moies-Magazin

Best Of Filmjoer 2017

D'Joer 2017 war e Joer voller Misère, Péng an nach Misère. Bon, loosse mir net iwwerdreiwen. Et war net alles schlecht. Déi gutt Saache sinn am Kino gelaf. An dëst Joer gouf et nawell genuch fir gutt ze fannen. D'Martine Reuter an den Tom Dockal mat enger Best Of Lëscht vun hire Filmer vum leschte Joer. Fir hir Liiblingsfilmer vum Joer, cinematografesch Schlabäizercher Revue passéieren ze loossen.

Dem Tom Dockal seng Top Ten:

10) A Monster Calls

9) Paddington 2

8) 20th Century Women

7) You Were Never Really Here

6) Loveless

5) Barbara

4) Petit paysan

3) 120 battements par minute

2) Blade Runner 2049

1) Grave

 

D'Martine Reuter wëll sëch nët op en Ranking aloossen, firwat erklärt d'Filmkritikerin och am Gespréich.

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Suicidegefor am Alter: En Tabuthema

    Suicidegefor am Alter

    Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen