Klassik aktuell

De Bléck op d'Aktualitéit an der klassescher Musek zu Lëtzebuerg, an der Groussregioun an och international.

De Luxembourg Wind Orchestra

Den Neijoersconcert vum Luxembourg Wind Orchestra

Dëse Samschdeg (06.01.2018) steet am Cercle Cité den Neijoersconcert vum Luxembourg Wind Orchestra op der Affiche. Nom Concert d'Inauguration den 8. Oktober 2017 ass dëst den zweete Optrëtt vun den ongeféier 60 passionéierten Amateuren a professionelle Museker ronderëm den Dirigent Philippe Noesen. De Luc Boentges war bei enger Prouf dobäi an huet mam Philippe Noesen iwwert de Concert an de Luxembourg Wind Orchestra geschwat.

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

Dossieren

  • Weltdag vun de Kannerrechter

    Den 20. November ass de Weltdag vun de Kannerrechter. De radio 100,7 presentéiert an deem Kader verschidde Reportagen an Interviews, fir iwwer d'Rechter vun de Kanner opmierksam ze maachen.

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen