Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit.

Golden Globes

Zu Hollywood war et d'Nuecht vun de staarke Fraen a schwaarze Kleeder: Déi 75. Golden-Globe Gala war en Zeeche géint de Sexismus, Mëssbrauch a Benodeelegung. D'Kampfuso Time's Up - also d'Zäit ass ëm - gouf de Slogan vun dëser Gala. D'Präisser goungen u Filmer mat staarke Fraerollen. D'Armanda Scheuer informéiert.

Rezent Emissiounen

  • Brandt Brauer Frick

    De Pianist a Perkussionist Paul Frick iwwer dësen danzbare Minimal Music Projet vu Berlin

  • Nei Filmer

    De kuerzen Iwwerbléck vun der neier Kinoswoch

  • Der Fortführer

    Dem Botho Strauss säin neit Wierk aus dem Rowohlt Verlag mat emol literaresch profunder, emol kriteschen Aphorismen a Miniaturprosa

  • Jerôme Netgen - Wolleken iwwer Hawaii

    En originelle Lokalkolorit ... bei deem net just d'Wolleken iwwer Hawaii bleiwen.

  • En Neiufank fir den Danztheater Pina Bausch

    Am Sträit beim Danztheater Pina Bausch gouf eng Decisioun geholl: D'Intendantin kritt direkt gekënnegt, de Gerant muss Enn dës Joers goen.
     

  • Poema - e Kulturmix an der KUFA

    Lyrik an all hiren originelle Formen, en interdisziplinären an transnationalen Event an der Escher Kulturfabrik.

  • KUFA's Urban Art Festival

    Haut den Owend ass d'Clôture vum KUFA's Urban Art Festival. E Projet mat villen Ambitiounen.

  • Steinberg vum Cornel Meder

    Autobiografesches an Nodenklesches ... dat lescht Wierk vum Cornel Meder

  • Summerdag vun der Literatur

    Sechs SchrëftstellerInne liesen an ënnerhale sech iwwer hir Bicher am Gaart vum Mierscher Servaishaus.

  • D'Home sweet home vun der Rosa Parks

    Der Rosa Parks hiren Ierwe muss versuergt ginn, fënnt hir Niess Rhea McCauley an huet d'Parks-Haus dem Kënschtler Ryan Mendoza gespent.

  • D'Ausstellungs-Commissairë vu Lët'z Arles

    D'Ausstellungs-Commissairë Michèle Walerich a Paul Di Felice iwwert hir Aufgabe bei den 49. Rencontres de la Photographie zu Arles.

  • Aurore Valade iwwer Révoltes intimes

    Der franséischer Fotografin Aurore Valade hir Expo op den 49. Rencontres de la Photo zu Arles

  • De vergiessenen Auteur

    De Stefan George ass en Auteur, deen an den Déifte vun der Zäit vergiess gouf. Hien ass virun 150 Joer gebuer ginn.

  • Dusan Sarotar

    "Panorama" vum slowenesche Schrëftsteller gëtt am Feuilleton mam W.G. Sebald senge Wierker verglach. Eng Rees tëschent Irland a Bosnien. 

  • Eiger-Nordwand oder Mordwand

    Virun 80 Joer, am Juli 1938, gouf d'Eiger-Nordwand déi éischte Kéier vun zwee Däitschen an zwee éisträicheschen Alpiniste bezwongen.

Programm

Dossieren

  • Chamberwahlen 2018

    De 14. Oktober gëtt eng nei Chamber gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Dateschutz

    De 25. Mee trëtt an der EU en neit Dateschutzreglement a Kraaft. Wat bedeit dat fir d'Bierger an d'Betriber? A wat ännert wierklech? Detailer an eisem Themeschwéierpunkt.

Communiquéen

  • radio 100,7: Changement à la tête de la rédaction musicale

    M. Yves Stephany a été nommé à la tête de la rédaction musicale de la radio de service public radio 100,7. M. Stephany, 37 ans, y prend la relève de M. Fred Medernach qui a fait valoir ses droits à la retraite.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen