KomponistIn vum Mount

All Mount steet eng Komponistin oder ee Komponist am Mëttelpunkt. Mat engem Portrait a virun allem mat de ville Facette vum Wierk.

De Gottfried von Einem am Alter vun engem Joer (Foto mat der frëndlecher Geneemegung vun der Gottfried von Einem Musik-Privatstiftung www.gottfried-von-einem.at)

Gottfried von Einem (1918-1996)

De Wee vum interesséierte Museker bis zum gefeierte Komponist huet seng Wuerzelen am Gottfried von Einem senger Kandheet a gëtt geséchert duerch säi Studium beim Boris Blacher: "Blacher kam für mich gerade zur richtigen Zeit, denn ich hatte vorher autodidaktisch fleißig gearbeitet ... aber alles ohne Korrektur, was sehr gefährlich ist, denn woher soll man wissen, dass man etwas falsch gemacht hat, wenn es einem niemand sagt".

De Luc Boentges huet sech mam Gottfried von Einem sengen éischte Joren auserneegesat.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen