KomponistIn vum Mount

All Mount steet eng Komponistin oder ee Komponist am Mëttelpunkt. Mat engem Portrait a virun allem mat de ville Facette vum Wierk.

Foto mat der frëndlecher Geneemegung vun der Gottfried von Einem Musik-Privatstiftung www.gottfried-von-einem.at

Gottfried von Einem (1918-1996)

"Ich schreib nie eine Oper, die nicht ihren direkten Bezug zur Zeit gehabt hätte." A senger éischter Oper "Dantons Tod" verschafft de Gottfried von Einem seng Erfarungen aus dem Zweete Weltkrich a feiert domadder säin internationalen Duerchbroch. Wat war un dëser Oper esou besonnesch? A wéi kennt et, datt een haut vum deemools weltbekannte Komponist nëmme méi wéineg héiert? De Luc Boentges op der Sich no Äntwerten.

Rezent Emissiounen

Programm

  • Virum Dag

  • On air

    Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen