Klassik aktuell

De Bléck op d’Aktualitéit an der klassescher Musek zu Lëtzebuerg, an der Groussregioun an och international.

Eng aussergewéinlech Saison

D'Saison 2017/2018 ass eng aussergewéinlech Saison fir de Perkussionist Christophe Sietzen, deem seng Carrière  e weideren, fermen Ustouss krut. Als Rising Star vun europäesche Concertsheiser trëtt de Christophe Sietzen bannent e puer Méint op deene prestigiéiste Plazen op. Seng CD-Produktiounen als Solist an och mat sengem Wave-Quartet kruten an der Press nëmmen déi bescht Kritiken, a béid Produktiounen goufen fir d'International Classical Music Awards nominéiert. Et leeft deemno richteg gutt fir de Christophe Sietzen, deen d'nächst Woch  an der Philharmonie optrëtt, déi hien als Rising Star nominéiert hat. De Guy Engels am Gespréich mam Museker.

 

Rezent Emissiounen

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag

  • Noriichten

  • Moies-Magazin

  • Panorama

Dossieren

  • CinÉast 2017

    Schonn déi zéngten Editioun vum Lëtzebuerger Filmfestival, deen e breede Panorama vum "Art et essai"-Kino aus Mëttel- an Osteuropa bitt. Eng 100 Projektioune vu Wierker aus 19 europäesche Länner.

  • Gemengewahlen 2017

    Den 8. Oktober kënnen d'Bierger aus de 105 Gemengen am Land hir lokal Vertrieder nei bestëmmen.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen