Klassik aktuell

De Bléck op d’Aktualitéit an der klassescher Musek zu Lëtzebuerg, an der Groussregioun an och international.

Bilan a Perspektiven

Zënter dräi Joer gëtt et elo d'FLAC, d'Fédération luxembourgeoise des auteurs et compositeurs - eng Federatioun, déi sech aus den dräi Sparte Klassesch Musek, verstäerkt Musek a Filmmusek zesummesetzt. D'FLAC engagéiert sech op deenen ënnerschiddlechsten Theme fir d'Interesse vun de Lëtzebuerger Komponisten. Zënter der Generalversammlung Enn 2017 huet d'Federatioun en neie President: de Roby Steinmetzer, mat deem de Guy Engels e kuerze Bilan vun den Aktivitéite gezunn an och an d'Zukunft gekuckt hunn.

 

Rezent Emissiounen

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag

  • Noriichten

  • Moies-Magazin

  • Panorama

Dossieren

  • CinÉast 2017

    Schonn déi zéngten Editioun vum Lëtzebuerger Filmfestival, deen e breede Panorama vum "Art et essai"-Kino aus Mëttel- an Osteuropa bitt. Eng 100 Projektioune vu Wierker aus 19 europäesche Länner.

  • Gemengewahlen 2017

    Den 8. Oktober kënnen d'Bierger aus de 105 Gemengen am Land hir lokal Vertrieder nei bestëmmen.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen