Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit.

Maulafe-Video gëtt Internet-Hit

"Op een, deen hëlleft, komme fënnef Dose Maulafen" heescht et an Italien. Esoubal en Accident op eise Stroosse geschitt, schéngt et fir en etlech effektiv näischt méi Wichteges ze ginn, wéi mam eegenen Auto stoen ze bleiwen an ze afen. Verschiddener behënneren esouguer ongenéiert Rettungsdéngschter. E Video soll do dergéint sensibiliséieren. Explikatioune vum Kerstin Thalau.

Rezent Emissiounen

  • 52. Art Cologne

    Déi eelsten europäesch Konschtfoire , d'Art Cologne ass dëse Weekend.

  • 2. Luxembourg Street Photography Festival an de Rotonden

    D'Membere vun der Street Photography Luxembourg ASBL vermëttelen op hirem 2. Festival, wéi een d'Stad Lëtzebuerg an en optimale Kader setzt.

  • Horizont 2018/2019

    Déi nei Saison an der Philharmonie

  • Günter Rohrbach - berühmt Saarlänner

     De Produzent vum Film  "Das Boot" ass en deel vun der Saarbrécker Ausstellung.

  • Mesure pour Mesure

    "Mesure pour Mesure" ass ee Stéck, dat schounungslos déi tëschemënschlech Dynamik am Ëmgang mat Muecht analyséiert.

  • Deen "aneren Orchester"

    Virun e puer Deeg hunn 'Solistes Européens, Luxembourg hiren neie Programm fir d'Saison 2018/18 virgestallt: Kontinuitéit mat neien Horizonter am Bléck.

  • Hommage un de Jean-Paul Jacobs

    Eng Liesung am Kasemattentheater mat ausgewielten, deelweis onpublizéierten Texter vum lëtzebuergeschen Enfant terrible vun der Literatur.

  • FloraliaBrussels

    400 verschidden Tulpen-, 60 Narzissen-, 35 Hyazinthenaarten: Flowerpower gëtt op der Floralia Bréissel dëst Fréijoer nees grouss geschriwwen.

  • Nei Filmer

    De kuerzen Iwwerbléck vun der neier Kinoswoch

  • Dem Bert Danckaert säin Horizont

    Firwat den Antwerpener Bert Danckaert Fotograf ginn ass? Well en op an an der Welt wëllt sinn, fir mat der Welt ze schaffen.

  • Isle of Dogs vum Wes Anderson

    Déi dystopesch Geschicht vum amerikanesche Realisateur ass de Coup de Coeur Abrëll vum radio 100,7.

  • 60 Joer Atomium

    De 17. Abrëll 1958 ass den Atomium op der Bréisseler Weltausstellung inauguréiert ginn. Bréissel steet dëst Joer ganz am Zeeche vun dësem Gebuertsdag.

  • D'Kaz am Sak

    Een artistescht Iwwerraschungsee, dat ass de Projet "Kaz am Sak", den e Samschden zu Wolz gewise gëtt.

  • D'Lady Rosa zu Limerick

    Am Kader vun der irescher Konschtbiennale zu Limerick gëtt der Sanja Ivekovic hir Lady Rosa gewisen.

  • Wéi leeft et fir d'Kulturstad zu Tunis?

    Enn Mäerz ass zu Tunis no 16 Joer Bauzäit d'Cité de la culture ageweit ginn. Baukäschten: 130 Milliounen Dinar, circa 44 Milliounen Euro.

Dossieren

  • #chamberleak

    Um Internetsite vun der Chamber waren eng ganz Partie intern a sensibel Dokumenter net adequat geséchert. Duerch d'Editéiere vu Weblinken konnten déi vertraulech Informatioune mat engem normale Webbrowser ofgeruff ginn.

  • Chamberwahlen 2018

    De 14. Oktober gëtt eng nei Chamber gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen