Marc Angel an "De Jas" kommen zréck
De Jasmännchen, e Geescht mat iwwernatierleche Kräften, deen duerch d'Dierfer zitt, an dem Vollek vill Misère bréngt, ass elo zréckkomm. De Jean-Louis Schlesser an de Marc Angel hunn dës Éisleker Soegestalt erëm opliewe gelooss, an enger ganz anerer, vill méi noer Zäit ... De Grafiker Marc Angel schwätzt am Gespréich mam Valerija Berdi iwwert de Jas, seng Aarbecht als Graphiker an iwwer déi nei Projeten.