Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit.

De Fall René Deltgen

1927 ass dem jonke Lëtzebuerger Schauspiller seng Karriär an Däitschland ugaangen, wou hien bis 1943/44 ville  Bühnen an a sëlleche Filmer matgespillt huet. 1945 ass ze Lëtzebuerg de Prozess géint de René Deltgen ugaangen. Him gouf reprochéiert, d'Lëtzebuerger Vollek opgeruff ze hunn, sech fir den "Anschluss"  un dat "Drëtt Räich" anzesetzen...
De Marc Limpach huet d'Dokumentatioun iwer de René Deltgen  zesummegestallt, déi den Schauspiller Ulrich Kuhlmann op der Bühn vum Kasemattentheater gelies huet. Hien gouf dobäi vum Pol Belardi musikalesch begleet. E Bäitrag vum Valerija Berdi.
 

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • CinÉast 2017

    Schonn déi zéngten Editioun vum Lëtzebuerger Filmfestival, deen e breede Panorama vum "Art et essai"-Kino aus Mëttel- an Osteuropa bitt. Eng 100 Projektioune vu Wierker aus 19 europäesche Länner.

  • Gemengewahlen 2017

    Den 8. Oktober kënnen d'Bierger aus de 105 Gemengen am Land hir lokal Vertrieder nei bestëmmen.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen