Lëtzebuerger Filmaktualitéit

Martine Reuter

D'Filmszeen zu Lëtzebuerg ass längst aus de Kannerschong eraus. Dacks lafen op de grousse Festivale Produktioune mat Lëtzebuerger Participatioun an och hei am Land huet déi cinematographesch Aktivitéit zougeholl. De Spectateur par konter entdeckt de fäerdege Produit eréischt dann, wann en an de Kino kënnt. D'Emissioun kuckt hannert d'Kulisse vun der Filmszeen.

 

Rezent Emissiounen

  • a_BAHN an d'réalité virtuelle

    Zu Lëtzebuerg gouf 2017 deen éischten Film an der Kategorie réalité virtuelle gedréit an zur Zäit gëtt um Montage geschafft.

  • De BTS Cinéma et Audiovisuel am Lycée Arts et Métiers

    Et gi mëttlerweil eng ganz Rei Formatiounen, déi et engem Jonken erméiglechen hei zu Lëtzebuerg eng film-technesch Ausbildung ze maachen.

  • Den Andy Bausch: d'Rusty Boys am Ausland an d'80er Joren

    Déi al Hären (Rusty Boys) sinn am Ausland ënnerwee an den Andy Bausch schafft un neie Projeten.

     

  • De Frédéric Zeimet an de Cowboy

    Zeenarist, Scriptdokter an Auteur vum engem Radiohörspill: de Frédéric Zeimet huet bis ewell a ville Beräicher säin Talent ënner Beweis gestallt.

  • De Marco Serafini an d'RTL Sitcom

    E Gespréich mam Realisateur a Coordinateur vun der Sitcom "Zëmmer ze verlounen"

  • Slip, Radar an de Fred Neuen

    "Slip": Eng nei TV Serie iwwert en ongewéinleche Staatsbeamten

  • Thierry Faber, Monteur a Zeenarist

    Den duebele Laureat beim Lëtzebuerger Filmpräis huet senger Karriär am Filmbusiness mëttlerweil eng nei Ausriichtung ginn.

     

     

     

  • Paul Thiltges Distributions an de Roddy Doyle

    Deen neiste Projet vum Produzent Paul Thiltges huet seng Wuerzelen an Irland awer och an Italien.

  • Mélusine Productions & The Breadwinner

    "Song of the Sea" an "Ernest & Celestine" sinn erfollegräich Animatiounsfilmer mat lëtzebuergescher Bedeelegung. Wat gëtt et neits?

  • Iris Productions an e Western

    Den Nicolas Steil zu den aktiivste Produzenten zu Lëtzebuerg. Säin Numm gëtt mat Filmer wéi "Club des Chomeurs", "Mir wëllen net bleiwen" an der "Symmetrie vum Pairperléck" associéiert.

  • Alexandre Espigares & Croc-Blanc

    Dräi Joer no Mr Hublot huet de Realisateur nees e Film an Ugrëff geholl huet, no engem Roman vum Jack London.

  • Lëtzebuerger Filmaktualitéit

    E Gespréich mat zwee Memberen vum Comité de sélection vum Film Fund.

  • D'Produktiounsfirma Tarantula

    Ee Film ass an der Postproduktioun, en anere gëtt preparéiert a fir en drëtte lafen d'Virbereedunge fir d'Distributioun.

  • Rout Wäiss Gro

    Déi drëtt Saison vun der Serie, déi versicht ze weisen, wéi ënnerschiddlech d'Populatioun hei am Land ass a wéi wäit deem enge seng Realitéit vun där vun engem aneren ewech ass.

  • Comité de Sélection vum Film Fong

    D'Aarbecht vum Comité de Sélection vum Film Fong

Programm

Dossieren

  • CinÉast 2017

    Schonn déi zéngten Editioun vum Lëtzebuerger Filmfestival, deen e breede Panorama vum "Art et essai"-Kino aus Mëttel- an Osteuropa bitt. Eng 100 Projektioune vu Wierker aus 19 europäesche Länner.

  • Gemengewahlen 2017

    Den 8. Oktober kënnen d'Bierger aus de 105 Gemengen am Land hir lokal Vertrieder nei bestëmmen.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen