Hëllef fir Jugendlecher a grousse Schwiergekeeten
Deene Jugendlechen, déi vum Jugendriichter an déi oppe Struktur vun Dräibur placéiert goufen soll elo och, wann néideg, verstäerkt vu Psychiatere gehollef gi sech zu stabiliséieren. Hei hunn elo de staatleche sozio-edukativen Zenter an de Centre Hospitalier Neuro-Psychiatrique eng Konventioun ënnerschriwwen. Déi gesäit vir, datt all Woch zwee Psychiateren vun Ettelbréck op Dräibur kommen, fir déi Jugendlech ambulant ze betreien. Den André Duebbers informéiert iwwert déi nei Zesummenaarbecht.