Klassik Live

De radio 100,7 iwwerdréit live aus Concertssäll. Zu Lëtzebuerg an doriwwer eraus.

D'Khatia Buniatishvili zesumme mam OPL Live

Expressivitéit a Virtuositéit - dat verlaangt deen zweete Pianosconcerto vum Franz Liszt, deen d'Khatia Buniatishvili zesumme mam Orchestre Philharmonique du Luxembourg ënnert der Leedung vu sengem Chefdirigent Gustavo Gimeno interpretéiert. D'Khatia Buniatishvili, déi extravagant georgesch Pianistin, verbitt sech an hirem Musizéieren all iwwerflëssege Schnickschnack, geet all Partitur op de Fong a filtert och déi klengsten Tëschentéin nach eraus.

Weider um Programm sti Musek aus "Tannhäuser" vum Richard Wagner an zwee Wierker vum Claude Debussy: "Ibéria" an "La Mer".

De radio 100,7 an den SR2 KulturRadio iwwerdroen dëse Concert den 18. Januar vun 20:00 u live aus der Philharmonie.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen