Konferenzen

Enregistrementer vu Konferenzen zu aktuellen Themen.

Regentinnen hören auf, Frauen zu seyn, sobald sie den Thron besteigen

Kee verkierpert den éisträichesche Mythos méi, wéi d'Keeserin-Kinnigin Maria Theresia (1717-1780). Dëst net zulescht, well si als Fra vu siechzéng Kanner d'Herrschaft am Habsburger Haus hat. An hir schéngt sech weibleche Charme a männlech Energie zu héchster Vollkommenheet ze verbannen. Vu Voltaire iwwert de Leopold von Sacher-Masoch bis bei d'Elisabeth Badinter, déngt d'Maria Theresia als Projektiounsfläch fir ganz verschidde Fraebiller. 

De Virtrag vun der Barbara Stollberg-Rilinger setzt sech mat dëse Biller auserneen. Ënnert anerem werft si och d'Fro op, wéi sech déi weiblech Herrschaft vun der Maria Theresia an déi deemoleg Geschlechteruerdnung agefüügt hat.

D'Konferenz vum 10. Januar 2018 an der Maison des Sciences Humaines um Campus Belval gouf opgeholl a verschafft vum Carlo Link.

D'Professorin Dr. Barbara Stollberg-Rilinger enseignéiert un der Uni Münster d'Fach "Geschichte der Frühen Neuzeit". Si ass ënnert anerem Member vun der Berlin-Brandenburgischen Akademie der Wissenschaften an Herausgeberin vun der Zeitschrift für Historische Forschung. 2017 krut si de Preis der Leipziger Buchmesse fir d'Buch, dat am Beck Verlag erauskoum, "Maria Theresia. Die Kaiserin in ihrer Zeit". (Foto: Carlo Link)

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Mënscherechter

    Den 10. Dezember 1948 sinn zu Paräis déi universell Mënscherechter deklaréiert ginn. Um 70. Joresdag vun dëser Deklaratioun steet de Programm vum radio 100,7 ganz am Zeeche vun de Mënscherechter.

  • Chamberwahlen 2018

    De 14. Oktober gëtt eng nei Chamber gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

Communiquéen

  • Offre d'emploi: Directeur général (M/F)

    L'Etablissement de Radiodiffusion Socioculturelle, opérateur de la radio de service public radio 100,7, recherche un directeur général (m/f)

  • Communiqué du Conseil d’administration du 100,7

    Le Conseil a décidé de créer un comité de transition présidé par Mme Nancy Braun pour la période du 15/12/2018 jusqu'à l'entrée en fonction du nouveau Directeur (m/f). Mme Michèle Vallenthini est nommée suppléante.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen