Espresso Beats

Philippe Hansen

All Woch reent et nei Relasen déi d'Museklabelen uechter d'Radiolandschaft schécken. Am Espresso Beats maache mir all Samschdeg de Choix a proposéieren eng Selektioun vun topaktuellen Titelen ... dacks schonns virun hirer offizieller Sortie! Als Vintage-Beitrag kucke mir doriwwer eraus op en eelere Song deen Androck hannerlooss huet. Mam Philippe Hansen.

Marc Clement, Anne Georges, Philippe Hansen

Blue Beats

De Philippe Hansen proposéiert diversifiéiert Musek aus der nationaler an internationaler Indie-, Pop- a Rockzeen.

1998 war d'Joer vum zéngte Longplayer vun der US-amerikanescher alternativ-Rock Band Sonic Youth. Op "A Thousand Leaves" ware sëlleche gutt Stécker. Besonnesch an d'A gefall war "Sunday". Virun zwanzeg Joer gouf deen Titel och emol gäre fir Soundtracks vu groussen Hollywood Longmetragë benotzt. De Marc Clement gëtt deem Hit, deemools gekoppelt mat engem aussergewéinleche Video Clip, zwanzeg vun zwanzeg an der Rubrik Twenty/Twenty.

No psychedeleschem Indie-Rock mat enger gudder Portioun Folk a Melancholie kléngt dem Anne Georges säi Coup-de-Coeur fir de Weekend. Dat New-Yorker Multitalent Damon McMahon huet eng eenzeg Single, bis ewell, ënnert dem Pseudonym Amen Dunes erausbruecht an zwar "Miki Dora", Balsam fir d'Séil vun den Espresso Beats.

Nieft dem Concertstip lafen déi bescht nei Indie Stécker, dorënner fusch nei Singelen ë. a. vum Jack White, Editors, The Radio Dept., Hollie Cook an Daktyl.

Nei Albumen, déi knapps eraus sinn: Unearth, déi nei Scheif vu Crater, Spirit Of Minnie vum Will Varley, an Open Here vu Field Music.

Rezent Emissiounen

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne fusch nei Stécker, legendär Titelen, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne fusch nei Stécker, legendär Titelen, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu a Coup de Coeuren.

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne fusch nei Stécker, legendär Titelen, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne fusch nei Stécker, legendär Titelen aus de leschte fënnef Joerzéngten, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne fusch nei Stécker, legendär Titelen aus de leschte fënnef Joerzéngten, Invitéen, de Concertstipp a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne fusch nei Stécker, legendär Titelen aus de leschte fënnef Joerzéngten, Invitéen, de Concertstipp a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne fusch nei Stécker, legendär Titelen aus de leschte fënnef Joerzéngten, Invitéen, de Concertstipp a Coup de Coeuren.

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne fusch nei Stécker, legendär Titelen aus de leschte fënnef Joerzéngten, Invitéen, de Concertstipp a Coup de Coeuren.

  • Espresso Beats

    Dräi Stonnen nei Musek, ee grousse Song vu virun 20 Joer, Klassiker aus de leschte fënnef Joerzéngten, de Concertstipp a Coup de Coeuren.

    No enger Stonn neier Musek, Joresréckbléck op d'Songs vun 2018

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne fusch nei Stécker, legendär Titelen aus de leschte fënnef Joerzéngten, Invitéen, de Concertstipp a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne fusch nei Stécker, legendär Titelen aus de leschte fënnef Joerzéngten, Invitéen, de Concertstipp a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne fusch nei Stécker, legendär Titelen aus de leschte fënnef Joerzéngten, Invitéen, de Concertstipp a Coup de Coeuren

Programm

  • Moies-Magazin

  • On air

    Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

  • Ënnerwee

Net verpassen

  • Live aus der Philharmonie

    Schubert a Rossini

    De Franz Schubert an den Gioacchino Rossini: Béid Komponisten hunn der Musekswelt Wierker hannerlooss, déi si net méi fäerdeg kruten. Dat ass de roude Fuedem vum Concert mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg en Donneschdeg, den 12. Dezember 2019, deen de radio 100,7 vun 20:00 Auer u live aus der Philharmonie iwwerdréit.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen