Schéi sécher

Eng transparent Gesellschaft, kee Fleck méi ouni Surveillance. Dat gesi mir net nëmmen am Alldag, mä och an der Fiktioun. D'Iwwerwaachungsgesellschaft ass do. De Christian Mosar geet op e puer Aspekter an.

D'Videoiwwerwaachung am Kino

A Filmer wéi "Truman Show", "Panic Room", "Minority Report" an och der "Jason Bourne" Trilogie spillt déi digital Videoiwwerwaachung eng zentral Roll. D'Iwwerwaachung ass hei e Mëttel zur Manipulatioun a produzéiert eng ganz nei a spannend Form vu Paranoia am kommerzielle Kino. De Christian Mosar mat Hannergrënn.

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen