KomponistIn vum Mount

All Mount steet eng Komponistin oder ee Komponist am Mëttelpunkt. Mat engem Portrait a virun allem mat de ville Facette vum Wierk.

Foto mat der frëndlecher Geneemegung vun der Gottfried von Einem Musik-Privatstiftung www.gottfried-von-einem.at

Gottfried von Einem (1918-1996)

De Gottfried von Einem ass gréisstendeels bekannt fir seng Operen. Och e Bléck a seng Autobiographie verréit d'Bedeitung vun dëser Gattung a sengem Liewen. Mä wouhier kënnt dës Faszinatioun? Wéi eng Bedeitung hu seng Wierker aus anere Gattungen? An a wéi engem Kontext sinn déi entstanen? De Luc Boentges geet op d'Sich no Äntwerten.
 

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen