Aktuelles

Hannergrënn iwwer déi lokal, national an international Aktualitéit. Um 6:20, 7:20, 8:23, 09:20 Auer.

Eng Lëtzebuerger Firma mécht Ofwaasser zu propperem Drénkwaasser

Déi Lëtzebuerger Firma Apateq ka sech sech mat hirem Konzept fir d'Waasseropbereedung op der schwedescher Insel Öland géint déi international Konkurrenz duerchsetzen. Vum Enn vun dësem Joer u gëtt hei eng Installatioun a Betrib geholl, déi Grond- a Brackwaasser, awer och Industrieofwaasser an Drénkwaasser ëmwandelt. Den Apateq Mataarbechter an Ingenieur Ulrich Bäuerle am Gespréich mam Gilles Wunsch.

Rezent Emissiounen

  • Sozialwahlen: De Gesondheetssecteur

    Den 12. Mäerz si Sozialwahlen. Mat wéi engen Erausfuerderungen a Changementer sinn d'Salariéen am Gesondheetssecteur konfrontéiert?

  • Engagement fir d'Participatioun

    An der Stad sinn d'Membere vun der Integratiounskommissioun a Benevoller am Asaz, fir datt EU-Auslänner bei den Europawahlen ofstëmmen.
     

  • D'Uni positionéiert sech am New Space

    D'Uni Lëtzebuerg bitt vun dësem September un en neie Studiengang: De sougenannten interdisziplinäre Space-Master.

  • "Ech wëll mech gär operéiere loossen"

    D'Nori huet eelef Joer. Iergendwann setzt d'Pubertéit beim Trans' Meedchen an. Wéi ginn hatt a seng Mamm domat ëm a wat sinn hir Wënsch?

  • Europapolitesche Réckbléck

    An der EVP, der europapolitescher Vollekspartei gëtt et Sträit ëm déi ungaresch Fidesz-Partei.

  • D'Personaldelegatiounen ënner der Lupp

    Wéi ee Profil hunn d'Personaldelegéiert an de Betriber - a wat maachen d'Delegéiert eigentlech konkret? De LISER huet dat erfuerscht.

  • Sech trauen, iwwer Trans' ze schwätzen

    D'Nori a seng Mamm ginn an d'Ëffentlechkeet fir iwwer eppes ganz Privates ze schwätzen: D'Nori ass en Trans'Meedchen.

  • Eng Brexit-Helpline fir Betriber zu Lëtzebuerg

    Zanter dem 21. Januar steet d'CLC deene Betriber zu Lëtzebuerg, déi vum Brexit betraff sinn mat enger multidisziplinärer Equipe zur Säit.

  • Trans': Weiderbildunge fir d'Léierpersonal

    Trans' ze sinn huet näischt mat enger Krankheet oder der sexueller Orientéierung ze dinn, mee mat der Identitéit. Dowéinst ass Opklärung wichteg.

  • Psychiatrie: d'Positioun vun der Fachgesellschaft vun de Psychiateren

    D'Psychiatrien hei am Land si voll an et ginn eng Rei méiglech Verbesserunge bei der Versuergung, dat confirméiert den Dokter Paul Hedo.

  • Wéi eng Zukunft fir de Rifkin-Prozess?

    D'Acteuren, déi an de Prozess agebonne sinn, erwaarde sech, datt et virugeet. Mee et ass onkloer, wéi e Suivi déi drëtt industriell Revolutioun kritt.

  • D'Nori ass nees do

    D'Nori krut senger Gebuert dat männlech Geschlecht zougeuerdent. Hatt wousst awer scho ganz fréi, datt et e Meedchen ass.

  • En haarde Brexit ouni Afloss op d'Cargolux-Flich?

    Wat geschitt bei engem Brexit ouni Accord mat de Cargolux-Flich? Nach lafen d'Verhandlungen um EU-Niveau.

  • Déi aktuell Situatioun an den USA

    Wéi geet et an den USA virun, nodeems de President Trump lescht Woch eng Noutfall-Deklaratioun gemaach huet? De Philip Crowther mat Detailer.

  • Den Drock bleift

    D'Waardezäiten an den Urgencë vun der CHL-Kannerklinik ginn tendenziell erof. Mee ob déi ergraffe Mesuren duer ginn, fir de Problem nohalteg ze léisen?

Dossieren

  • Europawahlen 2019

    Vum 23. bis de 26. Mee gëtt an der EU en neit Europaparlament gewielt. Zu Lëtzebuerg gëtt Sonndes, de 26. Mee gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Sozialwahlen 2019

    Den 12. Mäerz ware Sozialwahlen. A ronn 3.800 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, goufen d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer goufen nei gewielt.

Communiquéen

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen