Aktuelles

Hannergrënn iwwer déi lokal, national an international Aktualitéit. Um 6:20, 7:20, 8:23, 09:20 Auer.

Eng Lëtzebuerger Firma mécht Ofwaasser zu propperem Drénkwaasser

Déi Lëtzebuerger Firma Apateq ka sech sech mat hirem Konzept fir d'Waasseropbereedung op der schwedescher Insel Öland géint déi international Konkurrenz duerchsetzen. Vum Enn vun dësem Joer u gëtt hei eng Installatioun a Betrib geholl, déi Grond- a Brackwaasser, awer och Industrieofwaasser an Drénkwaasser ëmwandelt. Den Apateq Mataarbechter an Ingenieur Ulrich Bäuerle am Gespréich mam Gilles Wunsch.

Rezent Emissiounen

  • Transport: Alkohol um Steier

    Ëmmer méi dacks héiert een, datt Camionschaufferen, déi hir Zäit op Raststätte verbréngen, ze vill Alkohol am Blutt hunn. Och hei am Land. 

  • Kanneraktivitéiten am Casino

    Während der Fuesvakanz organiséiert de Casino Forum d'Art Contemporain verschidden Ateliere fir Kanner.

  • 99 Deeg bis Europawahlen, 42 Deeg bis Brexit

    De 26. Mee sinn Europawahlen, den 29. Mäerz verléisst Groussbritannien d'EU. Ass et sécher, dat d'Briten dës Kéier net bei de Wahlen dobäi sinn?

  • Mediepluralitéit a Gefor?

    An der EU gëtt et ee virleefegen Accord iwwer eng Reform vum Copyright. D'European Consumer Organisation ass net zefridden.

  • Bicherwoch am Biodiversum

    Vum 16. bis 24. Februar organiséiert natur&ëmwelt eng Bicherwoch, an där Aktivitéite ronderëm d'Naturbicher ugebuede ginn.

  • Nei Subventioune fir erneierbar Energien

    Den Undeel un erneierbaren Energien am gesamte Konsum soll bis 2020 bei 11 Prozent leien.Wand a Solaranlage solle massiv ausgebaut ginn.

  • D'Fuussejuegd soll verbuede bléiwen

    Schonn zanter 2015 ass et hei zu Lëtzebuerg net méi erlaabt, Fiiss ze schéissen. Dat Verbuet soll ëm zwee Joer verlängert ginn.

  • "Déi lescht Etapp vun engem laange Marathon"

    De fréiere PWC-Mataarbechter Raphael Halet ass zefridden: fir hie steet elo - wéi hie selwer seet - "déi lescht Etapp an engem laange Justiz-Marathon" un.

  • Gréng Luucht fir 33 Infrastrukturprojeten

    Ëffentlechen Transport, Stroossen an Ausbau vu Lycéeë stinn an Aussiicht.

  • Wichteg Informatioune beim Lounen

    De Konsumenteschutz huet fir déi drëtte Kéier eng Brochür erausginn, an där wichteg Informatiounen zum Lounen zesummegefaasst sinn.

  • Kee Brexit ouni Backstop

    Am britesche Parlament gouf et bis elo keng Majoritéit fir de Brexit-Accord tëschent der EU an der britescher Regierung. Haaptgrond: de Backstop.

  • SNOB

    Mat sengem Lifestyle-Magazin wëllt d'Melody Funck Leit, déi anescht si wéi d'Majoritéit, eng Plattform bidden.

  • Prepare 4 Brexit

    D'Entreprisë bereede sech op de Brexit vir. Mat wéi enge Problemer si konfrontéiert sinn, gouf een op der Konferenz gewuer.

  • Méi streng Waasserschutzonen um Stauséi

    Um Stauséi sollen zousätzlëch restriktiv Waasserschutzmoossnamen an der Landwirtschaft gëllen. D'Gemengen an d'Landwirtschaftskammer kritiséieren déi nei Oploen.

  • Alles ronderëm déi chinesesch Kultur

    Am MNHA ass am Kader vum chinesesche Neijoerschdag eng Ausstellung, déi verschidden Aspekter vun der chinesescher Kultur beliicht.

Dossieren

  • Europawahlen 2019

    Vum 23. bis de 26. Mee gëtt an der EU en neit Europaparlament gewielt. Zu Lëtzebuerg gëtt Sonndes, de 26. Mee gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Sozialwahlen 2019

    Den 12. Mäerz ware Sozialwahlen. A ronn 3.800 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, goufen d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer goufen nei gewielt.

Communiquéen

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen