Äschen zu Äschen
60 Prozent vun de Verstuerwenen hei am Land ginn ageäschert. D'Société pour la propagation de l'incinération, Flamma, zielt ronn 13.500 Memberen. Zanter 22 Joer besteet de Krematorium zu Hamm, dee mëttlerweil u seng Kapassitéite-Grenzen ukomm ass. D'Anäscheren gëllt hautdesdaags als ëmweltfrëndlech a stellt och kee reliéise Konflikt méi duer. Dat war net ëmmer esou.