Déjà Vu

Mat en etleche Joer Ofstand gi Kult-Albummen aus der Geschicht vu Rock, Pop an Jazz nach emol ënnert d'Lupp geholl. Fir erëmzehéieren mat neien Oueren oder als Entdeckung fir déi, déi se deemools verpasst haten.

Weather Report - Heavy Weather

Nodeems Weather Report schon 1970 gegrënnt gouf, mat zum Deel wiesselnder Besetzung, bréngt d'Band em de kreative Kapp Joe Zawinul a séngem Partner Wayne Shorter quasi all Joer en neien Album eraus. Dee siwenten an der Rei, Heavy Weather, kann een als erfollegräischten Werten, engersäits well en déi meescht Präisser ofraumt, awer och well en sech am beschte verkeeft. Vervollstännegt mat eenzegaartege Muséker wéi dem Jaco Pastorius an dem Alex Acuna as dës Plack e Manifest vum Jazz-Rock. Obwuel béis Zonge behapten, Mëtt 1970er Joren géif desem Stil schon d'Loft ausgoen, beweise Weather Report op eng androcksvoll Aart a Weis, dass deem net esou as.

Rezent Emissiounen

Programm

  • Virum Dag

  • On air

    Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

Dossieren

  • Lëtzebuerg entdecken

    De Summer ass normalerweis déi Zäit, an där de Lëtzebuerger an d'Vakanz fiert. Mee net nëmmen am Ausland gëtt et vill ze entdecken, och hei am Land ginn et vill schéin Ausfluchsziler.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen