Konferenzen

Enregistrementer vu Konferenzen zu aktuellen Themen.

Internationale Colloque "The way out: Microhistories of flight from Nazi Germany" vum 24.-26. Januar 2018 op der UNI Lëtzebuerg © Université du Luxembourg

The way out (1. Deel)

Den internationale Colloque hat sech mat de Mikrogeschichte iwwer d'Flucht aus Nazi-Däitschland, an der 1930er Joren a während dem Krich, aus verschidde Perspektiven, auserneegesat. Heibäi goufen déi perséinlech Schicksaler op eng nei Manéier suivéiert an d'Aart a Weis ënnersicht, wéi d'Relatiounen tëscht de jiddesche Migranten an de staatlechen Administratioune waren. Individuell Experienze kennen esou an ee méi breede sozialen a politeschem Kontext gestallt ginn. Dës Approche ass een Deel vun engem groussen historiographeschen Trend, der Mikrogeschicht.

An der Emissioun Konferenzen beliichte mir, an zwee Deeler, déi verschidde Beiträg vum Colloque aus Lëtzebuerger Siicht.

Am éischten Deel schwätzt ënnert anerem déi fréier Direktesch vum Nationale Literaturzentrum (CNL), Germaine Goetzinger, iwwer: "Mischehen jüdischer Emigranten in Luxemburg". Der Historikerin, Renée Wagener, hir Konferenz ass iwwerschriwwen: "Pour des raisons d'opportunité - une famille juive en quête de refuge au Luxembourg face à l'attitude de l'administration". 

Germaine Goetzinger © Université du Luxembourg

Renée Wagener © Université du Luxembourg

Zum Schluss héiere mir vum Organisateur, dem Historiker Denis Scuto, vum "Lëtzebuerger Zentrum fir Zäit- an digital Geschicht", eng Aschätzung iwwer déi verschidden Aspekter, déi duerch d'Mikrogeschicht, an am Allgemengen, bei dësem Colloque erauskoumen.

Denis Scuto, Luxembourg Center for Contempary and Digital History (C²DH) © Université du Luxembourg

Den zweeten Deel (11.02.2018) behandelt dës Themen: "Die NS Arbeitsverwaltung holt die Geflüchteten und Emigranten ein - Verfolgung, Zwangsarbeit und Entschädigung am Beispiel Luxemburg" (Wolfgang Schmitt-Koelzer) an "L'administration du chaos: Le rôle d'Albert Nussbaum dans l'organisation de la route d'évacuation de Lisbonne, août 1940 - mars 1942" (Vincent Artuso).           

De Colloque gouf organiséiert vum Luxembourg Center for Contempary and Digital History (C²DH) vun der Uni Lëtzebuerg, opgeholl a verschafft vum Carlo Link.

Rezent Emissiounen

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

Dossieren

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

  • Literaturfestival "étonnants voyageurs"

    Iwwer de Päischtweekend stoung d'Literatur aus der ganzer Welt, awer och de Film an d'Ausstellungen am Mëttelpunkt an der klenger bretonescher Festungsstiedche Saint Malo.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen