Invité am Moies-Magazin

Dr. Franck Boué: L'échinococcose

Invité am Moiesmagazin ass den Dr. Franck Boué vum  Laboratoire national de référence pour l'échinococcose (ANSES) a Frankräich. D'Echinococcose, op lëtzebuergesch: de Fussebandwuerm ass den Thema vun enger Konferenz haut den Owend um hallwer 8 am Naturmusée am Gronn.

Dës Konferenz ass organiséiert vum Musée zesumme mat der Administration de la Nature et Forêts, der Direktioun vun der Santé, an der Administratioun vun de Services Vétérinaires.

Iwwer d'Thematik vum Fussebandwuerm an den Impakt vun der Fuussejuegd op dës Krankheet geet hei riets.

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Suicidegefor am Alter: En Tabuthema

    Suicidegefor am Alter

    Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen