Paca Rimbau a Jesus Iglesias
D2 nennen sech d'Asuncion Pérez an den David Peréz, déi eng al Traditioun erëm opliewe lossen, den Flamenco-Danz ze zwee. Iert am Juni de grousse Flamenco-Festival iwwer d'Bühn leeft, gëtt an der Escher Kulturfabrik e ganz besonneschen Flamenco-Owend gebueden an am Virfeld sinn och Workshops fir Danz, Gitar a Gesang organiséiert. Detailer verroden d'Paca Rimbau an den Jesus Iglesisas am Gespréich mam Valerija Berdi.