Metal Meltdown

David Wagner

Eisen Hausmetaller David Wagner presentéiert Neiegkeeten aus der lokaler Metalzeen, Interviewe mat nationalen an internationale Museker, Album-Kritiken a Reviewe vu Concerten. Déi haartsten Emissioun um radio 100,7, Helm a Gurt si Pflicht!

Visigoth

Release vun der Woch: Visigoth - Conqueror's Oath (8,5/10)

Et gëtt d'Band nach net allzelaang, viru knapp 3 Joer hu si hiren Debutalbum erausbruecht; déi amerikanesch Heavy Metal Band Visigoth, déi d'Rad definitiv net nei erfonnt huet, mä déi amplaz hir Idoler an hir Inspiratioun ganz kloer an hirer Musek erëmspigelen. Déi nächst Woch, den 9. Februar bréngt d'Band aus dem Bundesstaat Utah den Nofolger Conqueror's Oath eraus.

An dat éischt, wat engem opfält ass, dass d'Lidder all vill méi kuerz sinn, wéi nach op hirem 2015er Album The Revenant King. Am ganzen huet den Album eng 20 Minutte manner an et si just 3 Lidder um Album, déi méi laang si wéi 6 Minutten. De Rescht läit alles tëscht 3 a 5 Minutten.

Do kéint een natierlech den Androck kréien, dass sech d'Band net méi sou vill Méi gemaach huet, oder dass se einfach méi séier wollte schaffen, ma de Géigendeel ass de Fall: Wann ee bis eralauschtert, mierkt een, dass d'Band vill méi fokusséiert ass, wéi um Debutalbum. Wat Visigoth u Längt gespuert hunn, hu se mat Energie, Tempo a catchy Refrainen nees guttgemaach.

Et hëlleft natierlech, dass de Quintett och hiren epesche Sound bäibehalen hunn, deen zum groussen Deel duerch dem Sänger Jake Rogers seng Baritone Vocals entsteet, virun allem wann d'Gesangspuren op Stécker wéi Warrior Queen oder Blades in the Night openee getesselt ginn.

Ma och de Rescht vun der Band beweist exzellent musikalescht Kënnen, mat hiren tighte Rhythmussen a mat der schéiner wanterlecher Atmosphär, déi wonnerbar bei den Artwork passt, deen d'Band sech erausgesicht huet.

Duerch den Tempo an déi kontinuéierlech Action, déi Visigoth um neien Album bidden, riskéieren d'Lidder net grad esou e prägenden Androck ze hannerloossen, wéi se kéinten, ma och do weess d'Band gekonnt bei all Lidd mat distinktiven Hooks entgéintzewierken.

Fir en Album, vun deem een initial mengt, e wéilt net besser si wéi säi Virgänger, ass awer genau dat. D'Gläichgewiicht tëscht Spaass a Fokus ass aussergewéinlech gutt gelongen, d'Catchiness verhënnert, dass dat ganzt ze vill serieux geholl gëtt an dass et am Kapp bleift an den epesche Sound mécht de Rescht.

Playlist

Entombed - Revel In Flesh

Megadeth - Lying in State

An Evening With Knives - Come Undone

WASP - Chainsaw Charlie

F.K.Ü. - Hell Night

Trouble Agency - Survival Of The Fittest

Visigoth - Steel And Silver

Accuser - Catacombs

Twitching Tongues - Harakiri

Arch Enemy - Bridge Of Destiny

Cradle Of Filth - Desire In Violent Ouverture

Rezent Emissiounen

  • Metal Meltdown

    Neits vun ënnert anerem In Flames, Inter Arma an Exumer.

  • Inzest

    Den 9. Februar kënnt den Debutalbum vun der Band Inzest eraus. "Collateral Damage" heescht en.

  • Fusion Bomb - Concrete Jungle

    Am Review ass dës Woch den neien Album vu Fusion Bomb: Concrete Jungle.

  • Fusion Bomb

    Am Interview: Déi jonk Thrash Metal Band Fusion Bomb

  • Nailed To Obscurity

    Dës Kéier am Fokus: Den neien Album vun der däitscher Progressive Death Metal Band Nailed To Obscurity, Black Frost

  • Metal 2018

    Wat hat d'Joer 2018 a Punkto Metal ze bidden?

  • Metal Meltdown

  • Abstract Rapture

    An dëser Editioun steet den neien Album vun Abstract Rapture "Hollow Motion" am Mëttelpunkt
     

  • Lost In Pain

    D'Lëtzebuerger Thrasher, déi déi nächst Woch hir zéng Joer feieren, sinn am Interview.

  • Skull Pit

    Den Debutalbum vum neie Projet "Skull Pit" ënner der Lupp

  • Abstract Rapture

    Am Interview sinn den Drittt an de Spit vun Abstract Rapture; et geet ëm hiren neien Album "Hollow Motion"

  • Artillery

    Dës Kéier am Fokus: Den neien Artillery Album

  • Soulfly

    Am Mëttelpunkt steet haut deen neien Album "Ritual".

  • Opeth

    Am Mëttelpunkt steet den neie Live-Album vun der schwedescher Progressive Metal Band Opeth: "Garden of the Titans"

  • Opeth & God Dethroned

    Zwee Interviewen um Programm: De Gittarist vun Opeth, Fredrik Akesson an den Drummer vu God Dethroned, Michiel van der Plicht.

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen