Dossier vum Dag

Vu méindes bis freides en aktuelle Sujet am Detail: Politik, Soziales, Wirtschaft, Gesellschaft, Kultur.

Accord-Cadre mat sechs ONGen

Uganks Januar hu sechs Lëtzebuerger ONGen een Accord-Cadre mam Cooperatiounsministère ënnerschriwwen. Dat sinn alles Organisatiounen, déi sech an der Entwécklungshëllef engagéieren, an déi och schonn eng gewëss Erfahrung an deem Beräich hunn. Mam Accord-Cadre ginn d'ONGen duerch ee Co-Finanzement vu ronn 22,7 Milliounen Euro vum Ministère ënnerstëtzt. D'Betty Gillen mat Detailer.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Chamberwahlen 2018

    De 14. Oktober gëtt eng nei Chamber gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Dateschutz

    De 25. Mee trëtt an der EU en neit Dateschutzreglement a Kraaft. Wat bedeit dat fir d'Bierger an d'Betriber? A wat ännert wierklech? Detailer an eisem Themeschwéierpunkt.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen