Invité am Moies-Magazin

De Claude Mangen iwwert den 100,7 radiopräis

Great Expectations - dat war d'Thema vum 100,7 radiopräis vun dësem Joer. Siwe Manuskripter goufen erageschéckt - all op hir Manéier eenzegaarteg, seet de Claude Mangen, Programmdirekter vum radio 100,7. D'Theme wiere villfälteg gewiescht. D'Participanten hunn op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch awer och Englesch geschriwwen. Wéi eng Kritären awer huet sech de Jury gesat, fir dat bescht Hörspill erauszesichen? Ënnert anerem dat verréit de Claude Mangen am Gespréich mam Tessy Steffen Koenig.

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Suicidegefor am Alter: En Tabuthema

    Suicidegefor am Alter

    Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen