Dossier vum Dag

Vu méindes bis freides en aktuelle Sujet am Detail: Politik, Soziales, Wirtschaft, Gesellschaft, Kultur.

Ouni Grenzen akafen am Netz

Wie méi dacks online shoppe geet, kennt de Problem: Et gi Grenzen am Netz - speziell, wann een op engem auslänneschen Site ënnerwee ass.

Eng EU-Direktive huet dowéinst de But, de sougenannten "onfaire geoblocking" ofzeschafen an dofir ze suergen, datt europäesch Konsumente iwwerall alles online akafen kënnen, wat an der EU ugebuede gëtt - egal wou si wunnen.

Allerdéngs gëtt et weiderhi Grenzen: Déi nei Reegele gëlle nämlech net fir Filmer, Musek oder elektronesch Bicher. Dofir hat sech d'Europa-Parlament agesat, huet awer missen de Kierzeren zéien.

Rezent Emissiounen

Programm

  • E-Lodie

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Noriichten

  • Moies-Magazin

Dossieren

  • Chamberwahlen 2018

    De 14. Oktober gëtt eng nei Chamber gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Dateschutz

    De 25. Mee trëtt an der EU en neit Dateschutzreglement a Kraaft. Wat bedeit dat fir d'Bierger an d'Betriber? A wat ännert wierklech? Detailer an eisem Themeschwéierpunkt.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen