And the winner is ... Bernd Marcel Gonner
Bernd Marcel Gonner heescht de Laureat vum drëtte radio 100,7 Hörspillpräis. Vun héichwäerteger Qualitéit vun den agereechten Texter huet de Jury geschwat, war sech awer eens, datt "Grimmia sessitana oder Einfache Seligpreisung", sou den Titel vum Hörspill, dat iwwerzeegendst Manuskript war. De Bernd Marcel Gonner huet sech an de leschte Jore mat Literaturpräisser och zu Lëtzebuerg ervirgedoen. De Lëtzebuerger, deen a Baden-Württemberg lieft a schafft, ass déi zwee lescht Joer fir seng agereechten Texter priméiert ginn. Zwee mol ass hie beim Nationale Literaturconcours ausgezeechent ginn. 2016 mam 1. Präis fir säi Kannerbuch "Pirat, oder Seeräuber sterben nie" an 2017 mam zweete Präis fir säi Recueil vu Kuerzgeschichte "Volk der Freien".
D'Valerija Berdi schwätzt mam Gewënner.