Arabic Association for Cultural Exchange
Der europäescher Populatioun déi arabesch Konscht a Kultur méi no bréngen, ass d'Zil vun der Arabic Association for Cultural Exchange. D'Renée Aakrann, den Nizar Al Rawi an de Bob Krieps schwätze mam Valerija Berdi iwwer dës Organisatioun, déi kulturell Brécke baue wëllt. Eng aktuell Veranstaltung ass d'Ausstellung vum Kalligraphie-Kënschtler Muthana Al-Obeidi an der Galerie Nosbaum Reding an der Stad.