Eis Journalisten informéieren objektiv iwwer déi kulturell Aktualitéit. Mee wat denke si iwwer d'Realitéit zu Lëtzebuerg. An der Kulturchronik komme si mat Meenungen a Kommentaren zu Wuert.
Kulturchronik

Mangel un Identitéit?
D'Luxfestival asbl, den Organisateur vum Iechternacher Festival, gëtt opgeléist. Dat gouf virun enger Woch decidéiert. Vun elo un organiséieren d'Gemeng Iechternach an den Trifolion e Festival. No iwwert 40 Joer, wou all Summer während e puer Méint grouss klassesch Museker zu Iechternach opgetruede sinn, existéiert de Festival also net méi a senger ursprénglecher Form. Datt et esou wäit komm ass, huet mat der statescher Identitéit vum Festival ze dinn, mengt de Luc Boentges.
Rezent Emissiounen
-
Gender-Froen
Vill Diskussioune gëtt et ëmmer erëm iwwer Gender-Froen. Spannend ass do och de Saach mam Sproochegebrauch, zemools bei de weibleche Bezeechnunge vu Beruffer.
-
Fréier war méi Buch!
Ass d'Buch an der Kris? A wéi gesäit d'Zukunft vum Liesen aus?
-
Lëtzebuerg an deng Kapen ...
Iwwer Kultur, Medien, Kapen a Kredibilitéit
-
Den Ëmgang mat der Sprooch ...
... um Beispill vu muenche politeschen Aussoen iwwer Migranten
-
D'Muecht vum Wuert
Wéi eng Muecht huet dat geschriwwent Wuert?
-
Gebuertsdeeg oder Commemoratioune vu bekannte Leit
De 5. Mee gouf zu Tréier un den 200. Anniversaire vum Karl Marx geduecht. Fir déi eng war et eng Commemoratioun, fir anerer net.
-
Artistesch Provokatioun, wou sinn d'Grenzen?
Den däitsche Musekpräis ECHO gëtt op Äis geluecht a kënnt, wann iwwerhaapt, nëmmen an enger ferm verännerter Form erëm. Eng richteg Decisioun, déi awer ze spéit kënnt.
-
Wéi passt Verschiddenes zesummen?
Dem Wim Delvoye seng Kapell, d'Privatmuséeën, d'Optimisation fiscale: Wéi passt dat alles zesummen?
-
Rockefeller Konschtsammlung am Mee bei Christie's
Dem David an der Peggy Rockefeller hir Konschtsammlung gëtt beim Auktiounshaus Christie's zu New York versteet.
-
Wat dech net ëmbréngt, dat mécht dech staark ...
... schreift den tierkesche Journalist a Schrëftsteller Can Dündar. Wéi staark ass eisen Asaz fir d'Presse- a Meenungsfräiheet?
-
800.000 Euro Degas-Pastel bei Zoufallskontroll a Bus fonnt
Et kënnt ëmmer nees vir, datt verschwonnen oder geklaute Biller nees optauchen.
-
Tëscht satireschem Alles an Näischt
"Was darf die Satire?", freet den Auteur Kurt Tucholsky 1919. Jiddweree kennt dee Saz. Mä an der Praxis ass et net ganz sou einfach.
-
E polemesche Blummecadeau
D'Polemik iwwert dem amerikaneschen Artist Jeef Koons säi Blummecadeau fir Paräis
-
Mangel un Identitéit?
No iwwert 40 Joer huet sech d'asbl hannert dem Iechternacher Festival opgeléist. Grond kéint déi statescher Identitéit vum Festival sinn.
-
Artistescht Talent an Ticen
Dem Neuropsychiater Alexander Münchau ass bei engem Bouwechouer opgefall, datt d'Jongen beim Sangen mat den Ae flackeren a Grimasse maachen.
Net verpassen
-
Suicidegefor am Alter: En Tabuthema
Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.
Dossieren
-
Google-Datenzenter
Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.
-
Mäin Europa
Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.
Iwwert eis
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen