Kulturchronik

Eis Journalisten informéieren objektiv iwwer déi kulturell Aktualitéit. Mee wat denke si iwwer d'Realitéit zu Lëtzebuerg. An der Kulturchronik komme si mat Meenungen a Kommentaren zu Wuert.

Mangel un Identitéit?

D'Luxfestival asbl, den Organisateur vum Iechternacher Festival, gëtt opgeléist. Dat gouf virun enger Woch decidéiert. Vun elo un organiséieren d'Gemeng Iechternach an den Trifolion e Festival. No iwwert 40 Joer, wou all Summer während e puer Méint grouss klassesch Museker zu Iechternach opgetruede sinn, existéiert de Festival also net méi a senger ursprénglecher Form. Datt et esou wäit komm ass, huet mat der statescher Identitéit vum Festival ze dinn, mengt de Luc Boentges.

Rezent Emissiounen

  • Quo vadis Lëtzebuerger Buch?

    Ass "Lëtzebuerger Buchpräis" gläich "Luxembourg Book Prize"?

  • Attentater Paräis a Kultur

    zu Paräis wollten d'Mënschen den Owend genéissen, Kultur, Sport oder einfach Zesumme sinn. D'Terroristen hu genee dat viséiert: Den Alldag. D'Liewen!

  • Kinepolis iwwerhëllt Utopolis: nach Plaz fir d'Cinéphilie?

    Wat bedeit den Opkaf vun Utopia S.A. duerch de belsche Kinepolis Group fir d'Programmatioun vun engem cinéphilen Haus wéi dem Ciné Utopia? Et hofft een alt dat Bescht, mengt d'Cléo Thoma an enger Kulturchronik.

  • Impakt vun der Luxembourg Art Week

    Iwwerleeunge vum Lucien Kayser zu där éischter Foire fir zäitgenëssesch Konscht zu Lëtzebuerg.

  • De Konschtmaart an d'Galerielandschaft zu Lëtzebuereg

    Uganks November gëtt déi éischt lëtzebueregr Art Week organiséiert. Iwwerleeunge vum Christian Mosar.

  • D'Frankfurter Buch

    D'Frankfurter Buchmesse war dëst Joer net onbedéngt méi politesch wéi sos, mengt d'Nathalie Bender. Et ass just méi offensichtlech ginn, dass d’Sprooch vun der Polis muss gehéiert ginn.

  • Literaturnobelpräis fir d'Svetlana Alexijewitsch

    De Literaturnobelpräis fir d’wäissrussesch Schrëftstellerin Svetlana Alexijewitsch huet eng ganz besonnesch Bedeitung, heescht et an der Chronik vum Jean-Claude Majerus.

  • Passen Smartphones a Kanner beieneen?

    Mediefuerscher vu Mannheim hunn eng Etude gemaach, a sinn zur Konclusioun komm, datt deen digitale Kolleg vum Nowuess dach Risiken an Niewewierkungen huet. Dozou d’Kulturkonik vum Jean Claude Majerus.

  • Hat den Alfred Nobel e schlecht Gewëssen?

    De Jean Claude Majerus stellt sech d'Fro, firwat de schwedesche Chemiker an den Inventeur vum Dynamit Alfred Nobel via Testament all seng Suen fir d'Nobelpräisser ginn huet.

  • Generatiounswiessel beim OPL

    De Gustavo Gimeno iwwerhëlt vum Emmanuel Krivine d'Leedung vum Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg. An et geet ëm méi wéi dat üblecht Weiderginn vun der Baguette, mengt de Guy Engels.

  • Ëmstridde Schlofgeschicht

    Experte sinn net iwwerzeegt vum schwedesche Kannerbuchauteur Forssén-Ehrlin, dee versprécht, datt mat senger Kannergeschicht all Kand aschléift. Eng Kulturchronik vum Jean-Claude Majerus.

Programm

Dossieren

  • 76. Filmfestival zu Venedeg

    Zu Venedeg ass déi 76. Editioun vum Filmfestival. Den Tom Dockal ass fir de radio 100,7 op der Plaz. All Dag pickt hie sech ee Film eraus, fir deen da méi genee ënner d'Lupp ze huelen.

  • Lëtzebuerg entdecken

    De Summer ass normalerweis déi Zäit, an där de Lëtzebuerger an d'Vakanz fiert. Mee net nëmmen am Ausland gëtt et vill ze entdecken, och hei am Land ginn et vill schéin Ausfluchsziler.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen