Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit.
Kultur
Nei Ausstellung am CAW zu Walfer
An Display am CAW zu Walfer spillt d'Scénographie eng zentral Roll. Roger Bertemes, Aude Legrand an Eric Schumacher stellen aus. De Christian Mosar huet sech mat de Kënschtler ënnerhalen.
Rezent Emissiounen
-
D'US-Exil-Villa vom Thomas Mann ëmpfänk elo Boursieren
Intellektueller a Virdenker kënne sech elo iwwer déi grouss Froe vun eiser Zäit am Thomas Mann senger Exil-Villa a Kalifornien austauschen.
-
D'Bestsellerauteurin Judith Kerr hält d'Zeechne fit
Hire Papp hätt hir de Liewensmutt verierft: de 14. Juni huet d'Autorin an Illustratrice Judith Kerr e ronne 95. Gebuertsdag gefeiert.
-
Dat "schwaarzt Haus" presentéiert d'Expo "colourful black"
Dat "schwaarzt Haus" steet zu Hollerech a gëtt deemnächst ofgerappt. Bis den 1. Juli ass et awer als temporaire Konschtgalerie accessibel.
-
Stephen Hawking haut bäigesat
De 14. Mäerz dëst Joer koum d'Noriicht vum britesche Physiker an Astrophysiker Stephen Hawking sengem Doud.
-
"Beginner" vum Olivier Garofalo
Am Kader vum Fundamental Monodrama-Festival steet muer den Owend "Beginner" vum Olivier Garofalo op der Affiche. Op der Bühn ass de Claude Faber an dësem Monolog ze gesinn.
-
Den Art déco an der Hôtellerie zu Lëtzebuerg
Tëscht 1920 an 1940 war den Art-déco-Stil zu Lëtzebuerg total en vogue. Verschidden Hoteller sinn haut nach Zeie vun dëser Epoche.
-
100,7-radiopräis
Fir déi véierte Kéier organiséiert de radio 100,7 säi radiopräis. D'Thema dëst Joer: Urban Legends.
-
E Revolutionär am Jazz
Den Jazz-Pianist Esbjörn Svensson huet mat senger Kreativitéit a Courage d'Musek markéiert. Hien ass virun zéng Joer beim engem Dauchgang gestuerwen.
-
Eng Rees an eng aner Welt
Ootmen, sangen, sech bewegen a sech gären hunn, ass de Slogan vun der drëtter Editioun vum Kula Yoga Festival, deen dëse Weekend um Camping an der Fuussekaul ass.
-
40 Joer no "Saturday Night Fever"
40 Joer no der Sortie vum Film "Saturday Night Fever" kënnt säin Haaptacteur, den John Travolta, op eng Pizza op d'Originaldréiplazen zeréck.
-
Nei Filmer
De kuerzen Iwwerbléck vun der neier Kinoswoch.
-
Dem Michel Medinger seng Universen am CNA
Mat onscheinbaren Objeten bréngt de Fotograf Michel Medinger et fäerdeg, bal realistesch, bal fiktiv Universen a schwaarzwäiss ze kreéieren.
-
Eng eege Rous fir de Gebuertsdag
D'Grande Dame vun der Poesie Anise Koltz kritt 90 Joer. Fir den Anniversaire gouf eng Rousenzort op den Numm Anise Koltz Poète gedeeft.
-
Den Nigel Holmes iwwer "crazy competitions"
Komplett sënnfräi Concoursen a Competitioune begeeschteren d'Mënsche weltwäit. Den Nigel Holmes huet se gesammelt an a Buchform erausbruecht.
-
Enfants reporters de guerre
Den Titel vun aktuelle Film vun der jemenitescher Regisseurin Khadija Al Salami.
Programm
-
New Cotton Club - Mix
-
On air
Notturno
-
Virum Dag
-
Noriichten
-
Moies-Magazin
Dossieren
-
Chamberwahlen 2018
De 14. Oktober gëtt eng nei Chamber gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.
-
Dateschutz
De 25. Mee trëtt an der EU en neit Dateschutzreglement a Kraaft. Wat bedeit dat fir d'Bierger an d'Betriber? A wat ännert wierklech? Detailer an eisem Themeschwéierpunkt.
Communiquéen
-
LiteraturLabo 9: Wat ass iwwreg vum American dream?
Déi 9. Editioun vum LiteraturLabo start de 4.7. um 19:30 am Kulturhaus Laval-Tudor am Park Am Haff - rue des Sapins - Steesel.
-
4. Editioun vum 100,7 radiopräis fir dat bescht Hörspill
Fir déi 4. Editioun vum 100,7 radiopräis brénge mir de Medium Radio zesumme mat dem urbane Mythos, enger moderner Erzielung.
Iwwert eis
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen