Konferenzen

Enregistrementer vu Konferenzen zu aktuellen Themen.

"The way out: Microhistories of flight from Nazi Germany", internationale Colloque vum 24.-26. Januar 2018 op der Uni Lëtzebuerg. ©Université du Luxembourg

The way out (2. Deel)

Den internationale Colloque vum 24.-26. Januar iwwert d'Flucht aus Nazi-Däitschland hat sech mat de Mikrogeschichten iwwer d'Flucht aus Nazi-Däitschland an der 1930er Joren a während dem Krich, aus verschidde Perspektiven, auserneegesat. Heibäi goufen déi perséinlech Schicksaler op eng nei Manéier suivéiert an d'Aart a Weis ënnersicht, wéi d'Relatiounen tëscht de jiddesche Migranten an de staatlechen Administratioune waren. Individuell Experienze kennen esou an ee méi breede sozialen a politeschem Kontext gestallt ginn. Dës Approche ass een Deel vun engem groussen historiographeschen Trend, der Mikrogeschicht.

De radio 100,7 huet déi verschidde Virträg vum Colloque aus Lëtzebuerger Siicht beliicht. Deen éischten Deel gouf den 4. Februar 2018 diffuséiert.

Den zweeten Deel behandelt dës Themen:

- Die NS Arbeitsverwaltung holt die Geflüchteten und Emigranten ein - Verfolgung, Zwangsarbeit und Entschädigung am Beispiel Luxemburg, vum Wolfgang Schmitt-Koelzer (Emil-Frank Institut, Universität Trier).

- L'administration du chaos: Le rôle d'Albert Nussbaum dans l'organisation de la route d'évacuation de Lisbonne, août 1940 - mars 1942, vum Historiker Vincent Artuso (C²DH).  

Wolfgang Schmitt-Koelzer (Emil-Frank Institut, Universität Trier) ©Université du Luxembourg   

    Vincent Artuso (C²DH) ©Université du Luxembourg

De Colloque gouf ënnert anerem organiséiert vum Luxembourg Center for Contempary and Digital History (C²DH) vun der Uni Lëtzebuerg, opgeholl a verschafft vum Carlo Link.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Europawahlen 2019

    Vum 23. bis de 26. Mee gëtt an der EU en neit Europaparlament gewielt. Zu Lëtzebuerg gëtt Sonndes, de 26. Mee gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Festival de Cannes 2019

    Alleguer d'Artikele vum Festival de Cannes 2019.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen