Riicht eraus

Eng Stonn Hannergrondinformatioun: en Invité steet Ried an Äntwert zu der Aktualitéit.

Zäsur an der Festivalzeen

Op Liichtmëssdag huet sech d'Associatioun Luxfestival opgeléist, déi 43 Joer laang den Iechternacher Festival organiséiert huet. Et ass eng Zäsur am Museksliewen, déi an hiren Ursaache symptomatesch kéint si fir déi gesamt Festivalzeen zu Lëtzebuerg. Iwwert d'Grënn vum Enn vu Luxfestival a méiglech Auswierkungen op aner lokal a regional Festivale schwätzt de Guy Engels mam Remy Franck, Chefredakter vu pizzicato.lu an 100,7 Mataarbechter a mam Thierry Hick, Kulturredakter am Lëtzebuerger Wort.  

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

    Ludwig van Beethoven

    De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen