Biller vun der Aarbecht

Christian Mosar

Dës Serie beschäftegt sech mat der Duerstellung vun AarbechterInnen an der bildender Konscht, an der Propaganda an am Kino vum 20. Joerhonnert. Vu falsche bis richtegen Helden, geet et ëm d'Manéier, wéi eis gewise gëtt, datt d'Aarbecht e Kampf ass deen ee gewënnt - oder verléiert.

Aarbechterinnen am Hollywoodkino

"Norma Rae" vun 1979, "Silkwood" vun 1983 oder "North Country" vun 2006: An dësen dräi amerikanesche Mainstreamproduktioune spillen dräi Fraen d'Haaptroll. Si sinn net nëmmen Aarbechterinnen, si féieren och hire ganz eegenen Aarbechterkampf. Hannergrënn mam Christian Mosar.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen