Invité am Moies-Magazin

Luc Siebenaller a Sébastian Thilges

ONG - Le soleil dans la main

Zënter 15 Joer engagéiert sech d'Organisatioun Le soleil dans la main mat nohalteger Entwécklungshëllef am Burkina Faso. Déi zwee Memberen, de Luc Siebenaller an de Sébastian Thilges erzielen am Gespréich mam Valerija Berdi vun hirem Asaz, der Motivatioun, den Ziler an de Projeten, déi si realiséieren. Dotëschent héiert der en Titel vu Filiband, enger lëtzebuergescher Band, déi hir Sourcen am Burkina Faso huet.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen