Kämpfe wéi e Léiw
D'Fondatioun Kriibskrank Kanner huet d'lescht Joer eng 197 Famillen ënnerstëtzt, wou d'Kand entweder u Kriibs oder enger seelener Krankheet erkrankt war. D'lescht Joer gouf et eng 38 nei Fäll vu Kriibs a fënnef Fäll vun enger seelener Krankheet. De Schwéierpunkt am Kader vun der Betreiung vun de Famille leit bei der Trauerbegleedung, dem pädagogeschen Encadrement an der Ënnerstëtzung vun de Famillen am Alldag.