KomponistIn vum Mount

All Mount steet eng Komponistin oder ee Komponist am Mëttelpunkt. Mat engem Portrait a virun allem mat de ville Facette vum Wierk.

Luigi Boccherini (1743-1805)

De Luigi Boccherini war ee vun deene renomméiertste Kammermuseker an der zweeter Halschent vum 18. Joerhonnert. Als Interpret huet hien eng international Carrière gemaacht. Als Komponist war en an deene grousse Verlagshaiser zu Paräis an zu Wien eng Verkafsgarantie. An engem Genre hat de Luigi Boccherini d'Exklusivitéit: de Sträichquintett mat zwee Celli. Hannergrënn vum Guy Engels.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen