Dossier vum Dag

Vu méindes bis freides en aktuelle Sujet am Detail: Politik, Soziales, Wirtschaft, Gesellschaft, Kultur

Ännerungen am Wahlgesetz

Vun den nächste Chamberswahlen u soll den Accès zur Bréifwahl méi einfach gemaacht ginn. Grond heifir ass eng ëmmer méi niddreg Wahlbedeelegung. Eréischt bei de Gemengewahlen d'lescht Joer hunn nëmme 87 Prozent vun de Stëmmberechtegten och effektiv vun hirem Wahlrecht Gebrauch gemaacht. Eng méiglech Erklärung heifir ass de restriktiven Accès zur Bréifwahl. Dëst soll elo an engem Gesetzprojet geännert ginn. Detailer mam Claude Biver.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen