Invité vum Dag

En Interview iwwert en aktuelle Sujet. Invitéen aus alle méigleche gesellschaftleche Beräicher gi gefrot an hannerfrot.

Claire Sertznig

Wat muss geschéien, fir de Miseler Wäin heiheem nees méi attraktiv ze maachen an och nei Mäert am noen Ausland ze erschléissen? D'Claire Sertznig ass am Wäibau-Institut zoustänneg, fir déi nei Marketing-Strategie zesumme mam Secteur mat Liewen ze fëllen. De Maurice Molitor schwätzt mat der fréierer Wäikinnigin iwwert dat wat geplangt ass.

Rezent Emissiounen

  • Robert Scharfe

    D'Lëtzebuerger Bourse feiert 90 Joer. Mat hirem Generaldirekter schwätze mir iwwert d'Geschicht an d'Zukunft vun dëser Institutioun.

  • Sasha Baillie

    D'Promotiouns-Agence Luxinnovation huet zënter dem 1. Mee eng nei Directrice: d'Sasha Baillie ass de Moien Invitée um radio 100,7.

  • Marie-Claude Boulanger

    D'Directrice vum Service central d'assistance sociale schwätzt iwwer déi verschiddenaarteg Missioune vum Service, dee si zënter 2016 leet.

  • Charles Margue

    Wat zitt e Meenungsfuerscher an d'Politik? De Charles Margue, Ex-TNS-ILRes, iwwer seng Decisioun mat de Gréngen an d'Chamberwahlen ze goen.

  • Blanche Weber

    D'Presidentin vum Mouvement écologique presentéiert d'Wahlfuerderung vun der Ëmwelt-ONG.

  • Stefan Kunzmann

    D'Wochenzeitung Revue kënnt zanter Kuerzem an engem neie Layout eraus. Mam Chefredakter geet rieds iwwer d'editorial Linn a firwat elo de Moment war fir de Renouveau.

  • Claude Seywert

    Mam zukünftege Generaldirekter vum Lëtzebuerger Energiekonzern Encevo schwätze mir iwwer d'Entwécklungen am nationalen an internationalen Energiemaart.

  • John Marshall

    Iran, Brexit an transatlantesch Relatioune sinn Theme mam briteschen Ambassadeur vu Lëtzebuerg.

  • Simona Frankel

    D'Ambassadrice vun Israel fir Lëtzebuerg an d'Belsch schwätzt iwwer d'Roll vun der israelescher Regierung an der internationaler Politik.

  • Taina Bofferding (LSAP)

    D'Süddeputéiert schwätzt iwwer Sozialpolitik an d'Plaz vun de Fraen an der Politik.

  • Karin Schintgen

    Den 1. Juni mécht d'House of Startups offiziell seng Dieren op. D'Karin Schintgen, CEO vun där Struktur, erkläert, wéi jonk Entrepreneuren do gehollef kréien.

  • Guy Hoffmann

    Deen neie President vun der Banken-Associatioun ABBL schwätzt ë.a. iwwer d'Käschte vun der Regulatioun an de Stand vun de Kollektivvertragsverhandlungen.

  • Claude Steinmetz

    Den Ex-Direkter vun der Luxlait geet fir d'CSV mat an d'Chamberwahlen. Wéi motivéiert de Manager de Sprong vun der Privatwirtschaft an d'Politik?

  • Stefan Braum

    De Jurist erkläert de Burkaverbuet am Liicht vum Europäesche Recht.

  • Sala Makumbundu

    D'Generalsekretärin vum Ordre des architectes et ingénieurs conseils iwwer d'Fräiheet vun Architekten beim Plange vun Immobilien.

Programm

Dossieren

  • #chamberleak

    Um Internetsite vun der Chamber waren eng ganz Partie intern a sensibel Dokumenter net adequat geséchert. Duerch d'Editéiere vu Weblinken konnten déi vertraulech Informatioune mat engem normale Webbrowser ofgeruff ginn.

  • Chamberwahlen 2018

    De 14. Oktober gëtt eng nei Chamber gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen