Aktuelles

Hannergrënn iwwer déi lokal, national an international Aktualitéit. Um 6:20, 8:20, 12:22 a 17:10 Auer.

Autofaaschten 2018

D'Aktioun Autofaaschten 2018, dat ass déi Kéier vum 14.2. bis den 31.3.18. Wat huet et domatter op sech, wat heescht Autofaaschten a wat ass viséiert? Et geet ëm Klimaschutz, fir eis, an all déi, déi no eis kommen. Weider Detailer gëtt d'Laure Simon am Gespréich mam Gilles Wunsch.

Rezent Emissiounen

  • "Ma santé en toute liberté"

    "Ma santé en toute liberté", ass e Buch dat un d'Prisonéier zu Giwenech verdeelt gëtt. Mir hu nogefrot, wat sech dohannert verstoppt.

  • Sinn och d'Juegd- a Fëschereihidder Déiereschützer?

    De Lëtzebuerger Wëldschutzverband gëtt als Déiereschutzorganisatioun unerkannt - ee Widdersproch zum Déiereschutzgesetz, mengt de gréngen Deputéierte Gérard Anzia.

  • Dr. Simone Steil vum Gesondheetsministère

    Déi sexuell iwwerdroen Infektiounen huelen zu Lëtzebuerg erëm zou. Fir doriwwer opzeklären huet d'Santé elo eng nei Campagne lancéiert.

  • Online Service: Lëtzebuerger am Ausland

    Mat sengem neie Service wëllt den Ausseministère déi konsularesch Assistenz, beispillsweis am Fall vun enger Kris, méi séier a méi effikass kënne leeschten.

  • Angela Ruess-Kaszun

    Mat der Direktesch, vun der Zarabina geet rieds iwwer d'Asbl, déi Leit, déi Aarbecht sichen, Hëllef bei der Weiderbildung oder Neiorientéierung gëtt.

  • Ombudsman: (wéi) eng Reform?

    Den Ombudsman krut dës Legislatur keen neit Gesetz - dat obwuel am Regierungsprogramm vun 2013 virgesi war, datt eng méiglech Reform soll analyséiert ginn.

  • Yves Schaack vum Naturschutzsyndicat SICONA

    "Dem Waasser fräie Laf loossen" ass en Naturschutzsprojet vum Naturschutzsyndicat SICONA. Zu Biekerech gouf elo eng Bach erëm fräigeluecht.

  • Bilan Hëtzt

    Wéi hunn d'Mënschen an d'Deieren déi héich Temperature vun der leschte Woche verdroen?

  • Paul Hammelmann

    Alkohol ass ee vun den Haaptgrënn fir schlëmm Accidenter am Verkéier. De President vun der Sécurité routière gëtt Explikatiounen zur neier Sensibilisatiouns-Campagne.

  • Digital Inclusion

    Digital Inclusion setzt sech dofir an, datt Flüchtlingen digitalen Accès kréien an déi Leit e Computer kréien, déi sech soss kee leeschte kéinten.

  • "Politik? Fir jiddereen!" vum Zentrum fir politesch Bildung

    Wat ass eng Demokratie a wéi funktionéiert e Parlament? Erklärungen dozou gëtt den Zentrum fir politesch Bildung a sechs Animatiounsvideoen.

  • Nei Divisioun vun der Gewerbeinspektioun

    Zanter dem 1. Juni sollen d'Sécherheetskontrollen op de Chantiere massiv erhéicht ginn.

  • Mathias Lentz vun der Confédération des Brasseries et des Brasseurs

    Lëtzebuerg war schonn ëmmer e grousst Béierland. De Konsum ass iwwer d'Jore relativ stabel bliwwen, mee d'Drénkgewunnechten hu sech geännert.

  • Drauwelies fänkt dëst Joer éischter un

    Fir Ufank September gëtt mat der Drauwelies hei zu Lëtzebuerg ugefaangen. Dat wieren zwou Wochen éischter.

  • Plan canicule vum Gesondheetsministère

    Den Ament leide vill Mënschen op der Nordhallefkugel ënner den héijen Temperaturen. Zu Lëtzebuerg gouf elo de Plan Canicule aktivéiert.

Programm

Dossieren

  • Chamberwahlen 2018

    De 14. Oktober gëtt eng nei Chamber gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Dateschutz

    De 25. Mee trëtt an der EU en neit Dateschutzreglement a Kraaft. Wat bedeit dat fir d'Bierger an d'Betriber? A wat ännert wierklech? Detailer an eisem Themeschwéierpunkt.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen