Invité am Moies-Magazin

Vicky Krpies

Vicky Krieps

De leschte Mëttwoch war am Kinepolis d'Avant-Première vu "Phantom Thread", an deem d'Lëtzebuergerin Vicky Krieps zesumme mam renomméierte britesche Schauspiller Daniel Day-Lewis virun der Kamera steet. De Film vum net manner renomméierten amerikanesche Realisateur Paul Thomas Anderson huet am englesch-sproochege Raum gutt Kritike kritt an ass och fir sechs Oscare nominéiert. "Phantom Thread" spillt an de 50er Joren an England an erzielt d'Geschicht vun engem bekannte Couturier, dee sech an eng Hotelsserveuse - gespillt vun der Vicky Krieps - verkuckt. Aus där Renconter entwéckelt sech eng schwiereg Bezéiung. De Michel Delage huet sech mat der Vicky Krieps ënnerhalen.

Rezent Emissiounen

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen