Invité am Moies-Magazin

Vicky Krpies

Vicky Krieps

De leschte Mëttwoch war am Kinepolis d'Avant-Première vu "Phantom Thread", an deem d'Lëtzebuergerin Vicky Krieps zesumme mam renomméierte britesche Schauspiller Daniel Day-Lewis virun der Kamera steet. De Film vum net manner renomméierten amerikanesche Realisateur Paul Thomas Anderson huet am englesch-sproochege Raum gutt Kritike kritt an ass och fir sechs Oscare nominéiert. "Phantom Thread" spillt an de 50er Joren an England an erzielt d'Geschicht vun engem bekannte Couturier, dee sech an eng Hotelsserveuse - gespillt vun der Vicky Krieps - verkuckt. Aus där Renconter entwéckelt sech eng schwiereg Bezéiung. De Michel Delage huet sech mat der Vicky Krieps ënnerhalen.

Rezent Emissiounen

  • Bob Bertemes

    De Liichtathlet huet viru Kuerzem mat 22 Meter 22 en neie Landesrekord am Bommstousse realiséiert. Hie steet op Plaz sechs vun de Weltbeschtleeschtungen.

  • Barbara Gorges-Wagner

    Nolauchteren ass ganz dacks eng vill méi grouss Hëllef, wéi ee kéint unhuelen. Invitée ass d'Barbara Gorges-Wagner vum Kanner- a Jugendtelefon.

  • Lucie Schneider, Annie Nickels-Theis, Marco Schank

    Auteur, Regisseurin a Presidentin vun de Buurschter Schlassfrënn iwwer "D'Fra ouni Gesiicht", deen neie Fräiliichtspektakel, dee muer Première huet.

  • Jacques Bonifas

    Vum 3. bis 10. August ass d'Jugendlager vun de Georges Kayser Altertumsfuerscher. Mam President vu GKA geet rieds iwwer d'Beschäftegung mat Archeologie zu Lëtzebuerg.

  • Fabio De Aguiar

    Luxembourg Gaming Experience 28. an 29. September an der LuxExpo

  • Martine Backendorf

    Vakanz doheem?d'Stad entdecken? Vun der Jugendherberge aus kee Problem!

  • Dr. Jean Claude Leners

    Den Allgemengmedeziner war 6 Wochen op der Insel Mindoro op de Philippinnen fir eng humanitär Missioun bei den Urawunner "Mangyans"

  • Florence Hoffmann a Michael Rofka

    D'Organisatrice vum Gare Art Festival an de Michael Rofka, Moler, Landart-Kënschtler an Sculpteur ginn Detailer iwwer de Konschtfestival ënner fräiem Himmel.

  • Françoise Poos & Ainhoa Achutegui

    Mat der designéierter Presidentin an der Direktesch vum Neimënster schwätze mir iwwer de Wiessel un der Spëtzt vum Verwaltungsrot an iwwer Konsequenzen.

  • Anouk Kopriwa a Laetitia Loconte

    Mam SNJ am Summer an d'Kolonie!

  • Christiane Mangen & Pierre Schmitt

    Presidentin und Vizepräsident vun der éischter grousser nationaler Gaardenexpo 2023 an der Stad Lëtzebuerg: LUGA 2023

  • Didier Picard

    Plogging. Plogging? De President a Grënner vun der Asbl Pickitup Luxembourg erkläert, mat der Initiativ op sech huet.

  • Mars Klein a Rudi Schubert

    Déi nei CD mat "Schnëssegen Texter a bëssege Lidder" vun den zwee Kënschtler ass d'Thema vum Gespréich.

  • Dr. Patrick Peters

    Hien huet dëst Joer d'Süd-Nord-Traversée a Groenland realsiéiert. 2.300 Kilometer bannent 30 Deeg. 2003 war hien den éischte Lëtzebuerger um Nordpol.

  • Claude Mangen

    De neien Direkter vum Mierscher Kulturhaus huet de Saisonsprogramm 2019/20 presentéiert mat Neiem, Ongewinntem, Klasseschem an Traditionellen.

Programm

Net verpassen

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen